
Wat ass Kinesio-Taping?
Kinesiologescht Taping schafft mat elastesche Kottengtapes, déi op d’Haut gepecht ginn — mam Zil, d’Muskulatur z’entlaaschten oder z’aktivéieren, Gelenker z’ënnerstëtzen an d’Kierperwahrnehmung unzereegen. Vill Leit empfannen den Tape als spierbar Ënnerstëtzung; d’wëssenschaftlech Evidenz fir spezifesch Effekter ass limitéiert. Den Tape schränkt d’Beweeglechkeet dobäi net an.
Als Ergänzung zur Physiotherapie
Kinesio-Taping bidde mir als Ergänzung zu Ärer lafender Physiotherapie-Behandlung un, wann et therapeutesch Sënn mécht. Et ass eng Leeschtung, déi Dir selwer bezuelt, a kascht 6 € pro Uwendung. Applizéiert vun Therapeutinne mat entspriechender Weiderbildung um Standuert Schuttrange.
Remboursement: Dir bezuelt se selwer (6 €), als Ergänzung zu Ärer Physiotherapie-Behandlung — keng CNS-Leeschtung. All Detailer & Links zu de Versécherungen →
®